Orange-Schwaarzen Derby an der Coupe

17th September 2024

club logo

FC Berdenia Berbourg

De 16. September war den Tirage vun der Coupe de Luxembourg vun der FLF.

Den FC Berdenia Berbourg spillt deemno an der 1/32 Finale beim FC Orania Vianden, déi aktuell op der leschter Plaz vun der 1. Divisioun - 1. Bezirk stinn.

De Match fënnt de 6. Oktober um 16h00 um Terrain "Am Komp" zu Veianen statt.

Mir si Berbuerg!