Invitatioun Generalversammlung 2024

10th September 2024

club logo

FC Berdenia Berbourg

De Comité vum FC Berdenia Berbourg luet seng Memberen souwéi och d’Elteren vu senge Jugendspiller ganz häerzlech op seng uerdentlech Generalversammlung an, déi e Freideg, de 27. September 2024 ëm 20:30 Auer am Centre Beaurepaire zu Berbuerg stattfënnt.

An er Annexe fannt Dir déi offiziell Invitatioun mam Ordre du Jour.

No der Versammlung offréiert de Veräin e gudde Patt an e klenge Maufel. 

Gären kënnt Dir eng Kandidatur fir an de Comité stellen, laut Artikel 10 vun de Statuten vum Veräin muss dëst schrëftlech bis zum Ufank vun der Generalversammlung geschitt sinn an de Kandidat muss mindestens 16 Joër hunn a Member vum Veräin sinn. 

Et muss een awer net onbedéngt am Comité sinn fir eng Hand am Veräin matunzepaken. All Hëllef, ob an enger vun deene sëllege Commissiounen, an der Jugendentente oder op Fester respektiv an der Buvette ass ëmmer wëllkomm. Sollt Iech eppes dovunner zousoen, zéckt net Iech bei eis ze mellen.

Mir si Berbuerg!

Invitatioun AG 2024.pdf