Nei Häischen um syntheteschen Terrain

6th September 2024

club logo

FC Berdenia Berbourg

image

No laanger Planung, wäert deemnächst en neit - méi grousst a geräimegt - Häischen beim syntheteschen Terrain entstoen. Niewent enger ordentlecher Buvette mat engem Comptoir bannen, wäerten och e proppere Stockage fir Bäll a Material souwéi och endlech Toiletten fir eis Zuschauer intégréiert ginn.

Dofir gëtt ab dem 16. September op der Plaz vum aktuellen Holzhäischen uewen um Terrain geschafft. An enger éischter Phase gëtt daat aalt Häischen souwéi och d'Holzkonstruktioun um Rand vun der Spillplaz oofgerappt. D'Fundamenter ginn dann viiraussiichtlech ab dem 30. September gemaach. Duerno soll dann e Modularbau opgeriicht an ageriicht ginn. Fir de Moment gëtt et awer nach kee genauen Datum fir d'Ouverture. 

Während der Bauzäit ass de Chantier natierlech oofgeséchert an et wäert keen Ausschank a kee Stockage beim syntheteschen Terrain méiglech sinn. Dofir wäert de Groussdeel vun de Jugend- a Reservematcher och um Grasterrain stattfannen.

Am Viraus soe mir der Gemeng Manternach e grousse Merci fir dës wesentlech Verbesserung fir eise Veräin an hoffen sou séier wéi méiglech kënnen eranzeplënneren.

Mir si Berbuerg