Kings of Penalty 2024

18th June 2024

club logo

FC Berdenia Berbourg

image

De Kings of Penalty 2024 ass eriwwer a mir sinn der Meenung dass et allt rëm e gelongenen Event war wou d'Leit hiere Spaass haten.

 
Freides ass et mat eisem Concertsowend ugaangen, dee leider bëssen an d'Waasser gefall war. Dofir soen mir op dëser Plaz der Bech-Berbuerger Musek, dem Thierry Mersch, dem Duo Lungo a Mil sou wéi och deene Leit déi bis laanscht komm sinn en décke Merci fir hier daaper Standfestegkeet, déi bei munchen suguer extra laang gehaalen huet ;-).
 
Samschdes hate mir dann méi Chance mam Wieder. Bei enger klenger Lëftchen an deels schéiner Sonn, huet den DJ Bisi gutt agheizt an de Béier ass gelaaf. Knapp 70 Equippen waren ugetrueden fir sech an insgesamt 211 Matcher mat 1418 geschossene Goaler ze duelléieren. Um Enn stinn dann folgend Equippen mat hiere Präisser um Podium:
 
1. Plaz: 6 Terrapads vun Eye-T Manternach fir FC Lachsforellen
2. Plaz: e Wäindegustatiounstour vu Wintetours fir AC Alessio
3. Plaz: en Teamiessen am Lënster Bistro fir Qual Ideia
4. Plaz: Consommatiounsbongen fir Goal Diggers
 
De Side-Challenge fir déi beschte Verkleedung geet un d'Equipe Engelscher, déi mat hieren Engelchersflilleken zwar net bis an d'Finall geflu sinn awer ëmmerhinn optesch rausgestach hunn. Sie gewannen eng 3 Liter Fläsch Berliner Luft, hunn se awer leiwer géint zwou Fläsche Crémant agetosch.
 
Daat nächst Joer ass dann déi 15. Editioun vun eisem 11m Turnéier. Déi éischt Planungen laafen schonn mat e puer Ideen fir eng Special Edition! Stay Tuned! An e grousse Merci un iech all fir d'Matmaachen!

image
image
image
+91
image