Kings of Penalty 2024

12th June 2024

club logo

FC Berdenia Berbourg

image

Dëse Weekend fënnt zu Berbuerg um Fussballsterrain déi 14. Editioun vum grousse KINGS OF PENALTY 11m- Tournoi statt.

Fir e Samschdeg 15. Juni hunn sech iwwer 70 Equippen ugemellt fir sech duerch d'Gruppen- a K.O.-Phasen ze schloen a sech zu de Kings of Penalty 2024 ze kréinen. Hoffe mer dass d'Wieder matspillt. De Béier ass op allefall kaal an den DJ Bisi wäert mat sénge Beats fir déi richteg Stëmmung suergen.

Um Enn wénken de Gewënner 6 Terrapads, gestëft vun eisem laangjährege Partner Eye-T vu Manternach. Ausserdeem gëtt et e Wäingegustatiounstour vu Winetours souwéi en Teamiessen am Bistro Lënster (oder engem aanere Restaurant vu Concept Partners) ze gewannen.

Dëst Joer hu mir och de Side-Challenge "Dress like a King" wou déi flottste vekleedten Equipe eng 3 Liter Fläsch Berliner Luft gewanne kann. Avis aux amateurs!

Lass geet den Tournoi géint Mëtteg mat de Finallen ab 18h00. Wee sech nach eng vun den allerleschte Startplaze séchere well, ka seng Equipe nach op www.penalty.lu oder den Daag selwer um 11h00 op der Plaz umellen.

Um Viirowend vum 11m-Tournoi fënnt dëst Joer (no e puer Joer Paus) och rëm eise beléifte Concertsowend statt. Eis Kolleegen vun der Bech-Berbuerger Musek maachen um 19h00 den Optakt, gefolgt vun engem Live-Optrëtt vum Thierry Mersch a fir den Oofschloss suergt den Duo Lungo & Mil fir Stëmmung.

Freides a Samschdes ginn och d'Matcher vun der Fussball Europameeschterschaft an Däitschland live iwwerdroen, mat e.a. dem Eröffnungsmatch Däitschland-Schottland e Freideg Owend.

Zesumme mat Iech all, freeë mir eis op e flotte Weekend.

Mir si Berbuerg!