Nuit du Sport & Koubingo

8th June 2024

club logo

FC Berdenia Berbourg

image

UPDATE 10. Juni: D'Gewënnerfeld vum Koubingo 2024 ass den O39 mat engem Präissgeld vun 2.395 EUR. Déi Felder rondrëm N38, N39, N40, O38, O40, P38, P39 a P40 gewanne jeeweils 191,60 EUR. D'Gewënner gi vum Veräin kontaktéiert. A well verschidde Felder net besat waren, wäert de Veräin deemnächst en Don fir de gudden Zweck maachen, an Héicht vun deem Betrag deen net ausgeschott ginn ass!

!!! Haut um 8. Juni ass méi wéi eng lass zu Berbuerg um Terrain !!!

Ab 16h00 ass d'Nuit du Sport mat verschiddenen Sportsatelier'en, a natierlech och mat Fussball. Ënnen um Fussballsterrain kritt dir och eppes ziessen an ze drénken an ab 18h00 gëtt eis Kou fir de Berbuerger Duerfbeschass an d'Arena gelooss. Ze gewannen gëtt et en décke Cashpräiss. Matmaachen kann een nach bis kuerz viirdrun, mellt iech um Comptoir! Kommt also bis luussen!

Mir si Berbuerg!